Berdenia Berbourg 1 verléiert géint Blô Wäiss Itzeg 1:3 (1:1)

Den Match huet mat aggressiven Zweekämpf am Mëttelfeld ugefangen. Chancen goufen et keng zwengend, bis an dei 18. Minut wou den Itzeger Stiermer eng Onsecherheet notzt fir dem Jean-Claude Semowoniuk, deen den Yves Bossers am Goal ersetzt, keng Chance ze loossen an mam eischten Golschoss vum Match zum 0-1 markeiert.
Duerno waren et awer nonstop d'Haushären dei alles probeiert hun fir den Ausgläich ze markeieren. Zwengend Iwwerleenheet gouf awer leider net an Goaler emgesaat.
Et war an der 45. Minutt wou den Ernis Osmanovic am 16ter getessëlt gouf an den Arbiter keng aaner Meiglechkeet haat wei op den Punkt ze weisen. Den Ernis as selwer ugetrueden an huet secher markeiert, sou dass den Match mam 1-1 an d'Paus gaangen as.
Dei 2. Halschent war een Match op een Goal, mee Onkonzentreiertheet, Onvermeigen an vill Pech hun den 2-1 fir eis Faarwen verhënnert. Berbuerg huet alles nô vir gehäit an d'4er-Kett opgeleist fir den Christian Albrecht an d'Offensiv ze zeien. An der 87. Minutt war et dunn een Riesenfeeler an der Defense, dei den Itzeger den glecklechen 1-2 ermeiglecht hun. Mat allen Mëttëlen hun mer op den 2-2 gedrängt, mee dei Itzeger hun eis an der 90. duerch een Konter all Hoffnungen geholl an zum 1-3 Endresultat agenetzt.
 
Berbuerg: Semowoniuk - Guth, Albrecht, Dockendorf, Kaufmann - Schuster, Osmanovic, Lacroix, Thies - Sequeiros, Schreiner.
Bänk: Crelo, Haupert, Thill, Scholtes, Weidert.
Gefeelt: Bossers, Frank, Schmit, Halimovic, Mannon, Junker
 
Share |