Berdenia Berbourg 1 gewënnt 1:0 géint den FC Rodange 91

Nodiem den FC Rodange  dei eischt hallef Stonn mat heijem Pressing an Aggressiviteit d'Reim zougemaach huet, koumen mir nô 30 Minuten  besser an d'Spill. Zwengend Chancen goufen et der awer nët vill! An der Paus huet de Charel Weidert weenst enger Zerrung missten ausgewiesselt gin, hien gouw no puer takteschen Ëmstellungen duerch den Yannick Schreiner ersaat! 

Nodiem den Dejvid Halimovic ee laangen Ball wonnerbar verlängert huet, war et den Yannick Schreiner deen aus vollem Laaf den Ball Volley aus 18 Meter onhaalbar am Filet ënnerbruecht huet. Nodiem den Tom Schmit no enger giel-rouder Kaart vum Terrain gesât gin ass, huet Rodange huet rëm mei gedréckt an gouf nees mei staark,.

Sie haate vereenzelt Chancen, hun hiere Meeschter awer entweder an eisem Keeper Yves Bossers oder un eiser gudd gestaltener Defense fonnt!

Et waren die Berbuerger dei an der 89. Minute dei läscht grouss Chance haaten, mee nom Sololaaf vum agewiesselten Michel Junker huet säin Uspill am 16er kee Gielen fonnt. Et bléiwt der Equipe fir hieren enormen Asaatz an Teamgeescht ze félicitéierën. Dem Yves Bossers eng gudd Besserung gewënscht, hien huet sech am Match 2 Fanger gebrach!

Share |