Spillbericht Minimes FC Victoria Rosport- Berbourg/Biwer 1:1 (0:0)

Rosport-Berbourg/Biwer 1-1 (0-0)

 

Eis Minimes Equipe huet duerch eng ganz gudd kämpferesch Leeschtung en 1-1 beim Tabellenéischten erausgeholl.

An engem virgezunnene Match vum 4. Spilldag huet eis Equipe duerch vill Bëss an Asatz sech dee Punkt zu Rouspert absolut verdingt.

Wann op dëser Plaz oft déi offensiv Aktiounen an domatt Spiller erwähnt gin déi zu Goaler beidroën, wëll ech haut eis Defensiv ronderëm de Bob erfirstréichen. Sou as ët den Thiébaud, de Leandro, de Cédric an ganz speziell de Serge op enger ongewinntener Positioun, déi alles gin hun fir d’Equipe. Doriwer eraus sin ët all Match den Elija an de Cyrille, iwrejens en exemplaresche Kapitän an alle Beréicher, déi defensiv vill schaffen !

 

Sou war et eng 1. Halbzeit wou Rouspert kaum zu erausgespilltene Goalchancen koum sou datt et mat engem 0-0 an Paus gaangen as.

 

Eis Equipe konnt ronn 5 Minute no der Paus duerch de Cyrille op 0-1 setzen. Et war e Korner vum Glenn op den Alex , deem séi Schoss zwar vun der Verteidegung blockéiert gouf, mee de Cyrille huet schnell réagéiert an huet mam flaache Fouss an den laangen Eck gesat.

 

Den Ausgléich fir d’Heeméquipe as och duerch e Korner gefall, hei war eis Verteidegung net eng genuch bei de Leit.

 

Alles an allem eng ganz positiv Reaktioun nom Match géint Mënsbech/Moutfert!

Share |