Spillbericht Poussins Canach-Berbourg/Biwer 3-6 (2-3)

D'Poussinsequipe vun Berbuerg huet 3:6 zu Canech verluer. No dem 1:0 Réckstand hun de Yannick an den Leandro, op gudd Viiraarbecht vum Charel, getraff an ët stung 2:1 fir Berbuerg. Duerno hätten mir nach een 100 % Elefmeter missten kréien, deen den Aarbitter awer nët gepaff huet. Kee weess wéi de Match dann ausgaangen wär.

Duerch zwee onnéideg Ballverloschter hun mir dunn virun der Halbzeit nach den 2:2 an 2:3 kasséiert.

No der Halbzeitpaus ass ët du een Moment besser gaangen an den Leandro huet een Elefmeter, deen um Yannick verschold gin ass, den 3:3 geschoss. Du ass awer d'Uerdnung an Disziplin e besschen verlueren gaangen, an op zwee Corner hun mir nach 2 Géigengoaler kritt. An der Schlussphase haat Berbuerg nach déi eng oder aner Goalchance, Kanech huet awer du op Fräistouss hin den 3:6 Endstand geschoss.

Alles an Allem huet d'Equipe wäit nët esou gudd gespillt wéi déi Woch virdrun, an ët wär sëcherlëch e besser Resultat méiglëch gewies.

Share |