Spillbericht Minimes Berbourg/Biwer- Munsbach/Moutfort 3-4 (3-1)

BERBUERG/BIWER- MENSBECH/MOUTFORT   3-4 (3-1)

 

Am 1. Heemmatch no der Wanterpaus huet eis Minimes Equipe en 3-1 Pausevirsprong duerch Mangel un Agressivitéit an der 2. Halbzeit nach 3-4 verluer.

Berbuerg-Biwer as gudd an de Match komm, an as no engem Corner vum Glenn duerch e Rietsschoss vum Steven 1-0 virkomm.

 

Mensbech-Mutfert konnt gléichzéien duerch en ofgefälschtene Wéitschoss; heibéi konnt de Bob néicht maachen.

 

Berbuerg-Biwer huet awer gudd réagéiert .De Glenn huet de Nicolas an d’Lach gescheckt an deem seng gudd Flank huet de Steven mam Kapp eragesat. Berbuerg/Biwer louch 2-1 vir. Kuerz drop huet nees de Steven sech gudd op der lënker Säit duerchgesaat, an proper zereckgeluecht op den Robin an et stoung 3-1 fir eis Equipe. Heimat as et an d’Paus gaangen.

 

Déi zweet 30 Minuten huet Berbuerg d’Spill dem Gaascht komplett iwerlooss, et as sech kaum gewiirt gin, Zweekämpf sin och net ugeholl gin an et as komm wat huet misse kommen : Mensbech-Mutfert huet de Match gedréit , an 3 weider Goaler geschoss.

 

Fazit vum Nometteg : en 2 Goaler Virsprong as séier verspillt wann den Asatz net stëmmt !

Share |