Spillbericht Poussins Berbourg/Biwer - Remerschen 6-2 (2-1)

Trotz engem Mann Ennerzuel huet ons Equipe 6:2 géint Remerschen gewonn. Duerch eng disziplinéiert Leeschtung vun all de Spiller war dës Resultat méiglech.

No dem 1-0 duerch den Yannick Schroeder, hun mir ganz onnéideg no engem Corner den 1:1 kasséiert.

 

Kurz virun der Paus huet de Leandro Lopes e Solo aus der eegener Hältschent mat engem herrlëchen Schoss ofgeschloss an den 2-1 markéiert.

 

No enger besschen méi schwiereger Phase no der Paus huet du erem den Leandro 1 Goal op Konter geschoss. Trotz dem 2-3 duerch en Elefmeter géint ons, huet d'Equipe rouheg weider gespillt an keng Goalchancen méi zougelooss. An der Endphase hun du erem 2 mol den Leandro Lopes, de beschte Spiller um Terrain, an eng Kéier den Charel Kremer getraff.

 

E Kompliment un alleguerten Spiller, déi dëse Match zesummen als eng Equipe gewonn hun

Share |