Spillbericht Minimes Canach-Berbourg/Biwer 0-6

CANECH-BERBUERG/BIWER 0-6 (0-4)

 

Berbuerg-Biwer huet vun Ufank un de Match an d’Hand geholl a koum schnell zu Goalchancen. Sou huet ët och net laang gedauert bis zum 0-1 duerch de Nicolas no schéiner Kombinatioun iwert de Glenn an de Cyrille.

Kuerz drop konnt den Alex op 0-2 setzen, no prima Pass nach emol vum Glenn. A wieder as et gaangen Richtung Kanecher Goal sou datt de Steven no flottem Zouspill vum Cyrille schons fir eng Viirentscheedung gesuergt huet. (0-3)

 

Domatt awer nach net genuch fir an der 1.Halbzeit well de Jo stoung genau richteg fir eng wieder gudd Aktioun per Volley ofzeschléissen. Berbuerg-Biwer louch 4-0 fir an der Paus.

 

De Match war gelaf, et as vill gewiesselt gin so datt de Spillfloss no deenen zweeten 30 Minuten net méi grad esou gudd war wéi virum Téi. Mir hun awer weider néicht zougelooss fir Canech an no engem schnellen Dégagement vum Bob konnt de Nicolas mat engem wonnerbare Lob de Goalkipp vu Canech zum 0-5 bezwengen.

 

Fir d’Schlussresultat huet nach 1x de Nicolas gesuergt no engem Zouspill vum Thiébaud .

 

Eng geféierlech Aktioun kuerz viru Schluss vu Canech konnt de Bob a gekonnter Manéier ofwiiren.

 

 

 

Eis Minimes Equipe huet sech deemno mat enger ganz gudder Leeschtung nees zereckkaaf fir d’Néierlag zu Menster um 1. Spilldag.

 

WEIDER ESOU !

Share |