Spillbericht Minimes Menster - Berbourg/Biwer

19/03/2011: MENSTER-BERBUERG/BIWER 2-1 (0-0)

An engem Match mat wéinech Héichpunkten huet Berbuerg/Biwer an der 1. Halbzeit de Match kontrolléiert ouni sech awer kloer Goolchancen erauszespillen.

 

No enger ze kuerzer Reckpass vun engem Verteideger huet de Jo gudd nogesat, hat awer Pech dat de Ball just lanscht de Poteau gangen as.

Desweideren kont de Goalkipp e gudde Wéitschoss vum Cyrille entschärfen.

Menster war just geféierlech bei Corneren.

Kuerz no der Paus as Berbuerg/Biwer a Féierung gaangen no engem Korner vum Glenn wou e Verteideger vu Menster de Ball onglécklech an d’eejen Netz déviéiert huet.

 

Duerch Konzentratiounsfehler huet Berbuerg/Biwer de Match aus der Hand gin a Menster konnt dovun profitéieren fir bannent kuerzer Zéit de Match ze dréien an deemno 2-1 vir ze leien.

 

Berbuerg/Biwer huet dunn alles no vir gehéit an hat bal nach den 2-2 gemaach no enger flotter Kombinatioun iwert den Alex-Cyrille-Glenn wou den Yannick fräi gespillt gouf mee ze laang gezëckt huet fir den direkte Wee an de Goal ze sichen.

 

Den 1. Match as deemno verluer gaangen, mee mir loossen de Kapp net hänken a probéieren de nexte Samsdeg mat der kompletter Equipe 3 Punkten zu Canech mat Heem ze huelen.

Share |