Mo

12

Nov

2012

Berbuerg I behält d'Iwwerhand beim 3-2 (0-0) géint Bieles

Berdenia Berbourg - FC The Belval Belvaux 3-2 (0-0)

 

An engem onnéideg spannenden Match gewënnt Berbuerg um Enn verdéngt géint den Zweetläschten aus dem Süden. 

Déi éischt Halschent war geprägt duerch géigensäiteg Ooftaaschten, wou Berbuerg no ronn 10 Minutten spillbestëmmend war. Grouss Chancen goufen et allerdéngs keng, Berbuerg wosst awer mat schnellen Offensivaktionen ze gefaalen. Gréissten Chance haaten déi Orange an der 34. Minutt, wéi den Tom Hubert vu lenks de Ball zréck op den Pit Speltz leet, deem säin Schoss awer nach sou just gehaalen gouf. Kuerz virun der Paus koum Bieles bal zum 0-1, wéi een oofgefälschtenen Schoss nach in extremis vum Manuel Kaufmann op der Linn gerett gouf.

 

No der Paus sollt et een aaneren Match gin: Eischt Geleeënheet an der 2. Halschent fir Berbuerg an der 46. Minutt, éischten Goal. Den Dennis Gansen setzt sech gutt iwwert lenks duerch, spillt en retrait an den 16er, wou den Christophe Frank den Ball fir den fraistoënden Serge Guth duerchléisst, deen onhaalbar zum 1-0 markéiert. An der 52. den 2-0 fir d'Haushären wéi déi Bieleser no engem Corner de Ball net degagéieren konnten, an de Charel Weidert genau richteg stoung an den Ball an den Goal hummert.

 

Komplett iwwerraschend dunn den Uschlosstreffer zum 2-1, wéi déi Bieleser schnell gekontert hunn, a vun engem falschen Stellungsspill an eiser Défense profitéiert hunn. Zu allem Iwwerfloss, a komplett geint den Verlaaf vum Match konnten dei Bieleser och nach ausgläichen: No enger Flank konnt den Yves Bossers no engem Zesummenprall mam Tom Hubert den Ball nët festhaalen, an de géignereschen Stiermer schärt den Ball zum 2-2 iwert d'Linn. No 3 verletzungsbedenkten Auswiesslungen (Lacroix, Hubert a Kaufmann) koumen déi Orange awer nach zum verdéngten Feierungstreffer wei de Frank no engem strammen Fräistouss vum Tom Schmitt den Ball zum 3-2 an den Goal käppt.

 

Spannenden Match géint kämpfersch staark Bieleser, dee mer um Enn awer verdéngt konnte gewannen. Mat 16 Punkten bei nach 3 Matcher sti mer richteg gutt dô. Lô gëllt ët dëst den Sonnden zu Uewerkuer geint d'Luna auszebauen.

 

OPGEPASST: De Match ass nët wéi ëmmer um 16:00 Auer, mee schon um 14:30 Auer, well den Terrain zu Uewerkuer keng agréeiert

Luuchten huet.

 

 

FCBB: Bossers - Hubert (Schuster, 76.), Schmit, Weidert, Kaufmann (Wagner, 80.) - Gansen, Lacroix (Dahm, 73.), Speltz, Guth (C) - Frank, Klein

Réserve: Dos Santos, Dahm, Schuster, Wagner, Dias F.

 

Nët dobäi: Petry, Dias D., Albrecht, Scholtes, Juncker, Hoffmann J., Thies, Sequeiros

 

Newsletter

Info: Der Newsletter kann jederzeit abbestellt werden.

Share |