Di

15

Mai

2012

Kings of Penalty : Register now!

mehr lesen

Mo

14

Mai

2012

Berbourg I deklasséiert den Tabellenveierten Bieles mat 5-2 (3-1)

Am leschten Heemmatch vun der Saison gewennt den FC Berdenia Berbourg méi wéi verdengt göint Belvaux The Belval am Stade Rénert.

 

mehr lesen

Mo

14

Mai

2012

Minimes machen eppes fir d‘Goalverhältnis

ENTENTE LINTGEN/LORENTZWEILER - BERBOURG 0-7 (0-5 )

 

Eis Equipe huet vun Ufank un vum Match néischt ubrenne gelooss an nô knapp 10 Minutten stoung et schons 3-0. Bis d’Pause sollten nach 2 weider Goaler dobäikommen an de Match war gelaf.

mehr lesen

Sa

12

Mai

2012

Berbourg II verleiert onnéideg géint US BC 01 3-1 (2-1) an steigt awer als 1. op!

 

US Berdorf/Consdorf 01 II - Berdenia Berbourg II 3:1 (2:1)

 

0:1  Kohnen

 

FCBB II: Weicker - Dahm, Meyers, Dockendorf, Scholtes - Schuster, Haupert, Huber, Oswald - Sequeiros, Kohnen

Réserve: Ekelmann Sv., Ekelmann St., Hoscheid, Petry F.

mehr lesen

Do

10

Mai

2012

Berbourg I kontert den Leader aus a wënnt 3-1 (1-0) zu Sandweiler

 

Iwwerraschend, mä vollends iwwerzeegend retten sech eis Jongen duerch eng kämpferesch an disziplinéiert Leeschtung beim souveränen Opsteiger.

mehr lesen

Mo

07

Mai

2012

Berbourg I gewënnt an Ënnerzuel dank groussem Kampf an Asaatzwellen géint den Tabellenzweeten Sporting Steinfort mat 3-1 (0-0)

 

Bei permanenten Reenschaueren um déiwen an schmieregen Terrain hunn eis Jongen vollends iwwerzeegt an sech een enorm wichtegen 3er erkämpft.

mehr lesen

So

06

Mai

2012

Trotz gudder Leeschtung verléieren d'Minimes zu Iechternach 2:1 (2:0)

ECHTERNACH - BERBOURG 2-1 (2-0 )

E kräftege Schued kuerz virum Match huet dee knubbelegen Terrain och nach plazeweis ganz déif gemaach esou dat op der Limite war fir de Match unzepäiffen. Den Arbiter huet no kuerzer Inspektioun den Terrain awer fir spillbar erklärt.

mehr lesen

Mo

30

Apr

2012

Jeunesse Junglinster revanchéiert sech fir Défaite am Hinmatch an wënnt 0-2 (0-0) am Stade Rénert

Am gutt gefëlltenen Stade Rénert zu Berbuerg konnten eis Jongen am wichtegen Derby d'Erwaardungen nët erfëllen an verléieren den 2. Match hannerteneen.
mehr lesen

So

29

Apr

2012

Minimes verléieren ongécklech: BERBOURG –ENTENTE MUNSBACH-MOUTFORT 0-1 (0-3 )

 

Bei summerlechen Temperaturen gouf et eng onglécklech Néierlag géint eng kierperlech a kämpferesch staark Equipe vu Mënsbech-Mutfort.

mehr lesen

Sa

28

Apr

2012

Berbourg II verléiert 2. Match an der Saison mat dënnem Kader zu Sandweiler mat 3-1(2-0)

3-1 Kohnen

 

FCBB2: Dos Santos (47. Weicker) - Scholtes (52.Jannssen), Huber, Crelo, Dahm - Hoscheid, Petry F., Haupert, Ekelmann Sv., Raths (39.Chennaux), Kohnen

 

Réserve: Weicker, Chennaux, Jannssen

 

Leider huet eise Goalkeeper den Nelson Dos Santos sech mat engem Adduktorenress verletzt, mir wënschen him eng gutt Besserung.

 

mehr lesen

Fr

27

Apr

2012

Kings of Penalty 2012 ass online

mehr lesen

Di

24

Apr

2012

De Comité vum FC Berdenia Berbourg

1. Reihe vlnr: Germain Weicker, Stephen Atkinson, Marc Kubica, Marc Pitzen, Daniel Wampach, Jempi Hoffmann, Raymond Lahr

 

2.Reihe vlnr: Gilles Becker, Claude Hoffmann, Claude Wampach, Bob Kohnen, Max Raths, Gil Cajao, Raoul Schummer

mehr lesen

Mo

23

Apr

2012

"Nët déck!": den treffenden Resumé vun der 3-2 (2-1) Défaite zu Cessange géint den FC Cessange-Bracarenses-Grund 2001

Bal nëmmen Berbuerger Supporteren waren am Complexe sportif Boy Konen unzefannen, dei een serréierten, spillerech awer schwaachen Match gesinn hunn.

 

mehr lesen

So

22

Apr

2012

Minimes bleiwen un der Tabellespëtzt Wormeldange-Berbourg 0:1 (0:1)

 

Mat enger beispillhafter kollektiver Leeschtung hun eis Minimes 3 Punkten zu Wuermer geholl a verdeedegen domat déi 1. Plaz.

mehr lesen

Sa

21

Apr

2012

Berbourg II mëcht den Opstieg perfekt!!! 1-4 (0-2) gewonn an der Millebaach!

0-1 Sequeiros

0-2 Haupert (Eelëfmeter)

0-3 Haupert (Eelëfmeter)

0-4 Haupert

 

FCBB II: Dos Santos - Dahm, Crelo, Huber, Scholtes - Oswald, Leisen, Haupert, Juncker - Sequeiros, Kohnen

Réserve: Hoscheid, Ekelmann St., Ekelmann Sv., Petry

 

De Comité gratuléiert de Spiller fir hier konsequent gutt Leeschtung an dëser Saison an dem verdéngten Opstieg. Och dem Germain Weicker déi beschten Wönsch fir seng gutt 1.Saison als Trainer vun Berbourg II.

mehr lesen

Do

19

Apr

2012

Bravo Weiler!? FC Berdenia verléiert an engem ganz schwaache Match mat 0-2 (0-1) an der Coupe FLF

20. 0-1 (Elefmeter)

67. 0-2

 

FCBB: Bossers - Petry (38.Hoffmann), Dias, Weidert, Dockendorf - Thies, Albrecht (74. Schmit), Lacroix, Gansen - Sequeiros (62.Oswald) Frank

 

Reserve: Dos Santos, Hoffmann, Schmit, Oswald, Kaufmann

Net dobäi: Juncker, Guth, Klein, Schuster, Scholtes, Dahm

mehr lesen

Mo

16

Apr

2012

Potto an Laat verhënneren 3 Punkten fir den FC Berdenia: 0-0 géint d'Yellow Boys Weiler-la-Tour

Bei killen Temperaturen an extrem vill Wand, koumen eis Jongen net iwert een 0-0 geint eisen neien "Lieblingsgeigner" Weiler eraus.
mehr lesen

Sa

14

Apr

2012

Berbourg II sou gutt wéi duerch nôm 4-0 (2-0) géint Walferdange II

 

1-0 ManU Haupert

2-0 Selbstgoal

3-0 Jérôme Oswald

4-0 Bob Kohnen

 

FCBB II: Dos Santos - Petry, Dias, Hoffmann, Scholtes - Schuster, Lacroix, Haupert, Oswald - Sequeiros, Kohnen

mehr lesen

Fr

13

Apr

2012

Coupe-Match géint Weiler gët e Mëttwoch 18.04.2012 um 19:30 Auer neigespillt

Nodiems d'Verbandsgeriicht vun der FLF décideiert haat, dat eisen Match an der Coupe FLF géint Weiler muss neigespillt ginn, well den Arbitter nô der regulärer Spillzäit direkt Eelëfmetere schéissen geloss haat, ass elo den Datum vum nei ugesâten Match bekannt.

 

Mir spillen dëse Match e Mëttwoch, den 18. Abrëll 2012 um 19:30 am Stade Rénert zu Berbuerg.

 

Esou sinn eis Supporteren opgeruff hier Equipe, nët nëmmen dëse Sonndeg, 15. Abrëll 2012 um 16:00 Auer am Stade Rénert, wou ët och géint Weiler am Championnat geet, mee och Mëttwochs an der Coupe FLF ënnerstëtzen ze kommen.

 

mehr lesen

Do

12

Apr

2012

Spargelowend den 27. Abrëll 2012 zu Berbuerg am Beaurepaire

mehr lesen

Di

10

Apr

2012

Coupe FLF Match géint Weiler muss neigespillt ginn!

A senger Sitzung vum 05.04.2012 huet d'Verbandsgericht vun der FLF décideiert dat eisen Match an der Coupe FLF géint Weiler muss neigespillt gin.

 

Den Arbitter haat jo bekanntlech nô der regulärer Spillzäit direkt Eelëfmetere schéissen geloss. Laut den Statuten hätt ët awer missten 2 X 15 Minutten Verlängerung gin an duerno réischt, bäi Gläichstand een Eelëfmeterschéissen...

 

Sou freeë mir eis dann drop fir Weiler an der Réckronn eng 3ten Kéier als Gaascht zu Berbuerg ze empfänken, déi Responsabel aus der Buvette wärten sech freeën.

 

Op sportlëchem Plang muss een sech awer froën wei een Stellewert déi Coupe huet, an op et wierklech Sënn mecht sech fir dei aaner Saison nach eng Keier dôfir unzemellen?

 

Soubaal den Datum vun der Neiusetzung bekannt ass, kritt dir dat natirlech hei um Site matgedeelt.

mehr lesen

Di

10

Apr

2012

Coupe Fernand Link zu Miersch

FC Berdenia Berbourg - FC Minerva Lintgen 0-0

FC Bastendorf - FC Berdenia Berbourg 1-0

FC Marisca Mersch - FC Berdenia Berbourg 1-1

 

1-1 Kohnen

 

Endklassement:

1. FC Bastendorf

2. FC Marisca Mersch

3. FC Berdenia Berbourg

4. FC Minerva Lintgen

 

mehr lesen

Sa

07

Apr

2012

Berbourg I revanchéiert sëch géint d'US Esch 0-2 (0-1)

Am, wéinst Ouschteren, virverluechtene Spilldag wosst den FC Berdenia zu Esch vollends ze iwwerzeegen an gewënnt wuelverdengt beim Tabellendrëtten. 
mehr lesen

Mo

02

Apr

2012

Ee klengen Schub fir d'Moral. Berbourg I erréecht 1/4 Finale am Eelëfmeterschéissen géint Weiler-la-Tour: 4-3 (1-1)

 

0-1 (1.)

1-1 (42. Albrecht)

 

Eelëfmeterschéissen:

 

2-1 Dias

Dos Santos hällt

3-1 Dockendorf

Dos Santos hällt

Gansen verschéisst

3-2

Kaufmann verschéisst

3-3

4-3 Hoffmann

Weiler verschéisst

 

FCBB: Dos Santos - Dockendorf, Hoffmann, Schmit, Weidert (60. Petry) - Gansen, Dias, Albrecht (46. Lacroix), Kaufmann (C) - Sequeiros (68. Juncker), Klein

Reserve: Bossers, Petry, Lacroix, Juncker, Schuster

Nët dobäi: Thies, Frank, Guth, Oswald, Dahm, Scholtes

mehr lesen

Sa

31

Mär

2012

Berbourg II iwwerrennt dank Haupert-Gala den FC Syra Mensdorf II: 2-9 (0-6)

Tore:

0:1 ManU Haupert

0:2 ManU Haupert

0:3 David Schuster

0:4 ManU Haupert

0:5 Jeremy Huber

0:6 ManU Haupert (Pausestand)

2:7 ManU Haupert

2:8 Christophe Frank

2:9 Manu Haupert

 

FCBB II: Dos Santos - Petry, Crelo, Huber, Scholtes - Thies, Haupert, Thill, Schuster - Ekelmann Sv., Kohnen

 

Reserve: Frank, Dahm, Oswald, Ekelmann St.

 

 

 

mehr lesen

Mo

26

Mär

2012

Berbourg I ënner Wert geschloën: 1-4 (0-2) geint Fluesweiler/Beyren

Wann een se vir nët eraschéisst, jo dann . . . Komëscherweis passt dëse Sproch zum Match, trotz dem heijen Resultat.

mehr lesen

So

25

Mär

2012

Minimes wannen verdéngt géint Entente Lintgen/Lorentzweiler 5-2 (0-0)

Berdenia Berbourg - Entente Lintgen/Lorentzweiler 5-2 (0-0)

 

Nodeem am Laf vun der Woch eiser Equipe 3 Punkten vum Sportsgeriicht vun der FLF zougesprach goufen, sinn 3 weider Punkten bäikomm am Heemmatch géint d’Entente Lintgen-Lorentzweiler.

 

mehr lesen

Sa

24

Mär

2012

Berbourg II behaapt Tabellenspëtzt géint den FC Bettembourg II: 2-2 (1-0)

Berdenia Berbourg II - FC Bettembourg II   2-2  (1-0) 

 

1-0 (Haupert)

2-2 (Haupert - EM)

 

FCBB II: Dos Santos - Dockendorf, Crelo, Hoffmann, Scholtes - Ekelmann St., Haupert, Petry, Oswald - Thill, Kohnen

Reserve: Ekelmann Sv., Huber, Dahm

mehr lesen

Mo

19

Mär

2012

Berbourg I séchert sech ee weideren wichtegen Punkt

Beim FC Munsbach konnten eis Jongen sëch ee weideren Punkt géint een direkten Konkurrent sécheren andeems se een 0-0 Endresultat gedeelt hun.

mehr lesen

So

18

Mär

2012

Minimes verléieren héich géint den Daring Echternach 2-8 (2-2)

BERBOURG - ECHTERNACH 2-8 (2-2)

 

Géint e spillerech an kämpferesch iwerleeëne Géigner koum eis Equipe déi 2. Halbzeit béis ënnert d‘Rieder.

mehr lesen

Sa

17

Mär

2012

Berbourg II verteidegt d'Tabellenspëtzt zu Itzig 0-2 (0-1)

 

0-1 Selbstgoal

0-2 Schuster

 

FCBB 2: Dos Santos - Petry, Crelo, Hoffmann, Scholtes - Oswald, Thill, Leisen, Schuster - Haupert, Kohnen

Reserve: Ekelmann Sv., Ekelmann St., Dahm, Hoscheid

 

mehr lesen

Di

13

Mär

2012

Photoën vun der 1. Equipe an der Réckronn

Hei e puer  Photoën vun den éischten Matcher vun eiser 1.Equipe an der Réckronn. Dës flott Opnahmen goufen vum Carole Kuffer gemach.

mehr lesen

Mo

12

Mär

2012

Den eischten "Dräier" fir d'Joer 2012

 

Um 3. Spilldag an der Réckronn konnt den FC Berdenia 3 Punkten doheem behaalen, dëst no engem 3-0 (1-0) geint den FC Schifflange 95.

 

mehr lesen

So

11

Mär

2012

Minimes verléieren zu Berdorf

ENTENTE BC01/CHRISTNACH – BERBOURG 2-1 (0-1 )

 

No zwee gudden Virbereedungsmatcher hun eis Minimes den 1. Championnatsmatch ganz onglécklech 2-1 zu Berdorf verluer.

Et war en absolut ausgeglachene Match tëschent zwou gläichwertegen Equipen mat enger ganzer Reih Chancen op béiden Säiten.

mehr lesen

Mo

05

Mär

2012

Berbuerg I léisst wichteg Punkten leien

Leider konnten eis Jongen sëch no der Defaite géint Beggen nët remkaafen an sech 3 Punkten sécheren. 

mehr lesen

Mo

27

Feb

2012

Beggen schockt Berbuerg : 1-4 (1-2)

Virun villen Leit kruten eis Jongen beim Réckronnenufank, onglécklech héich, eng op den Deckel. Trotz eng ganzer Réih vu Virebereedungsspiller leeft ët nach nët optimal an eiser Equipe, an d'Néierlag géint Beggen, déi sëcher ze héich ausgefall ass, ass d'Konsequenz dovunn.

mehr lesen

Mo

13

Feb

2012

Berbourger Minimes ginn 1. um Fleck Cup zu Wasserbëlleg

Eng gutt Leeschtung hunn eis Minimes e Samsden um Fleck Cup zu Wasserbëlleg gewiesen, en Tournoi dien vun der UMW organiséiert.

 

Mat eng gudder Kollektivleeschtung a vill Konzentratioun hunn eis Spiller folljend Resultater erzielt, an hunn dëse gutt besaaten Tournoi gewonn:

 

Berbourg - Hesperange                   2:1

Berbourg - Mondercange                 2:0

Berbourg - Lintgen/Lorentzweiler     5:1

Berbourg - Bettembourg                  4:0

Berbourg - UMW 1                           1:1

Berbourg - Mersch                           0:0

Berbourg - UMW 2                           4:1

 

Folljens Spiller waren am Asaatz:

 

Nick ASSEL, Glenn ARTOIS, Steven DOS SANTOS, Serge KINNEN, Sam KONSBRÜCK, Jérôme KRING, Cyrille NICKELS,  Leandro LOPES, Nicolas OSWALD, Jo PITZEN, Bob SCHRANTZ.

 

mehr lesen

Mo

06

Feb

2012

Merci un eis Spiller

De Comité félicitéiert de Spiller zu hierer Initiative de syntheteschen Terrain vum Schnéi propper ze machen. Esou kënnen d'Frëndschaftsmatcher an d'Trainingen ouni Problemer stattfannen. Tip-top Jongen.

mehr lesen

Fr

03

Feb

2012

Spillerbal den 11. Februar 2012 an der Buvette

mehr lesen

Fr

03

Feb

2012

Programm vun der 1. an 2. Equipe fir d'Préparatioun op d'Réckronn

Samsdeg 28.01.2012 Berbourg I - Bastendorf  14:30   4:2
Sonndeg 05.02.2012 Berbourg I - Perl/Besch 14:30  1:3
Samsdeg 11.02.2012 Berbourg II- Zusch/Neuhütten 14:00  1:1
    Berbourg I - Irrel 16:00  4:1
Mëttwoch 15.02.2112 Berbourg I - Echternach 19:30  
Donneschdeg 16.02.2012 Berbourg II - BCEE 19:30  
Samsdeg 18.02.2012 Berbourg I - USBC 01 16:00  
Sonndeg 26.02.2012 Berbourg I - Avenir Beggen CHAMPIONNAT 16:00  
Méindeg 27.02.2012 Berbourg II - Caisse Raiffeisen 19:30  
Freideg 02.03.2012 Berbourg II - SG Gilzem 20:00  
Sonndeg 04.03.2012

Berbourg I - Clemency

CHAMPIONNAT

16:00  
Mëttwoch 07.03.2012 Berbourg II - Nimstal 20:00  
mehr lesen

Mi

25

Jan

2012

Jugend-Indoortournoi e Sondeg, 29 Januar 2012 zu Berbourg

D'Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg organiséiert dëse Sondeg, 29. Januar 2012 vun 13:00 Auer unn säin alljähregen Indoor-Jugentournoi an der Sportshaal vum Schoulkomplex Renert zu Berbourg.

Um Programm stinn folljend Matcher. 

mehr lesen

Di

24

Jan

2012

1. Equipe gewënnt den Indoortournoi zu Consdorf

Mat 3 Equipen war den FC Berdenia Berbourg déi lescht Woch zu Consdorf um Tournoi am Asaatz, woubéi eis 1. Equipe eng exzellent 1.Plaatz konnt erreechen. 

mehr lesen

Di

17

Jan

2012

Sportlech gudde Week-end fir den FC Berdenia: 1.Equipe wënnt den Tournoi zu Berbuerg, Minimes ginn déi 2. zu Grevenmacher

 

 

Op eisem gudd besichten Tournoi an der Haal zu Berbuerg konnt eis 1. Equipe, nô gudde Matcher déi 1. Plaatz beleeën.

 

13-0     Berdenia Berbourg - Syra Mensdorf

9-1       Berdenia Berbourg - FC Olympia Christnach-Waldbillig

4-2       Berdenia Berbourg - Union Mertert-Wasserbillig

6-2       Berdenia Berbourg - BC 01 Berdorf-Consdorf  (Finale)

 

Och eis Minimes hunn, nô enger gudder sportlecher Leeschtung, eng exzellent 2.Plaatz um Haalentournoi zu Grevenmacher ereecht.

 

0-5       Entente CSG/UMW 1   -  Berdenia Berbourg

3-1       Berdenia Berbourg      -  FC Jeunesse Junglinster

1-1       Berdenia Berbourg      -  FC Mondercange

1:0       Entente CSG/UMW 2   -  Berdenia Berbourg (Finale) 

mehr lesen

Do

12

Jan

2012

Den 2. Wantertransfert ass ofgeschloss

Als weider Verstärkung huet den FC Berdenia e Goalkeeper verpflicht. Heibäi handelt et sech ëm den Nelson Dos Santos, dee vum Matkonkurrent US Esch op Berbuerg wiesselt. Doriwer raus kritt eis 2. Equipe ee neien Mann, an zwar den Wenceslas Schommer, dee bäi eis seng 1. Lizenz kritt.

 

Eis 2 nei Spiller heesche mir Härzlech Wellkomm, a wënschen hinnen vill Succès am FC Berdenia.

 

 

De Jean-Claude Semowoniuk verléisst de Veräin fir op Einen ze goën, hien hat sportlech keng Perspektiven méi bäi eis. Mir soën him Merci fir säin Asatz fir den FC Berdenia, a wënschen him Bonne Chance an sengem neien Veräin.

mehr lesen

Sa

31

Dez

2011

Haalentournoi Challenge Renert 2012 fir Seniorequipen

 

 

Mir invitéieren op eisen Haalentournoi fir Seniorequipen dien, Sondes de 15 Januar 2012 an der Sportshaal vum RENERT zu Berbuerg stattfënnt.

 

mehr lesen

Mo

26

Dez

2011

D'Minimes spillen géint hier Pappen

An engem spannende an engagéierte Spill an der Hall  hunn d'Pappen sëch mat 10:8 géint d'Minimes durchgesât. D'Spiller hunn duerno mat hiere villen Supporteren den Owend gemittlech an der Pizzeria Giorgio zu Wecker ausklengen geloss.

mehr lesen

Mo

19

Dez

2011

Chrëschtfeier vun der Jugendkommissioun

D'Jugendkommissioun haat d'lescht Woch hier Jugendspiller op Bech an de Restaurant Steinmetz op hier Chrëschtfeier agelueden. Dës Feier war awer och Ulaass fir dem Marie-Reine an dem Josy Crelo, déi hir Demissioun an der Jugendkommissioun agereecht hunn, Merci ze soën fir hir vill Aarbecht déi sie bis elo fir d'Jugend an de Veräin geleescht hunn. Alle béid krutten duerfir vum Veräin e passenden Cadeau iwwerreecht. 

mehr lesen

Fr

16

Dez

2011

David Klein wiesselt op Berbuerg

Den FC Berdenia Berbourg verstäerkt seng Seniors Equipe am Wanter mam David Klein vun der SG Irrel/Prüm-Enz/Echternacherbrück.

 

Den David ass ee jonken, talentéierten Stiermer, dien a senger bishereger Carrière schonn oft seng Goalgefeierlegkeet ënner Beweis gestallt huet an elo wëll probéieren den nächsten Schrëtt op engem sportlech méi heigen Niveau ze maachen.

 

Mir begréissen hien häerzlech zu Berbuerg a wënschen him vill Erfolleg a Freed an eisem Veräin.

 

mehr lesen

Mo

05

Dez

2011

Chrëschtfeier bäim FC Berdenia Berbourg

Vun enger Handvoll Spiller gutt organiséiert, hunn d'1. an 2. Equipe an de Comité vum F.C.Berdenia hier Chrëschtfeier ofgehal. An enger flotter Ambiance mat engem gudden Buffet geliwwert vum Restaurant Le Grillon vun Uesweiler, ass bis an den freien Moien di sportlech gutt verlafen Virronn fir béid Equipen gefeiert ginn. Gewosst ass och dass déi 1. Equipe nach vill schaffen muss fir an der 1 Divisioun ze bleiwen,an wann déi 2. Equipe opsteigen well, och nach vill Aarbecht usteet.

 

Ech well vun dëser Geleeënheet profitéieren an all deenen Leit Merci soen, di eise Veräin ënnerstëtzen, ouni sie wier villes net méiglech, och en grousse Merci un meng Kollegen aus dem Comité, di vill Stonnen an den Veräin investéieren, an och all eisen Traineren di en richteg gudden Job maachen am Senior esou wie am Jugendberäich.

 

Elo freeën ech mech nach op eng kleng Chrëschtfeier vun eiser Jugendkommissioun, wou eis Minimes den Opstieg gepackt hunn, (Gratulatioun vun eiser Säit a weider esou), an dann maachen mer eng kleng wuelverdéngten Pause. Nach emol en decke Merci un di Jongen, di mat vill Engagement deen Owend vum 03.12. erméiglecht hunn.

 

Ech wënschen Iech alleguer schéin Feierdeeg an e feuchtfröhlechen Rutsch an d'Joer 2012, duerno eng gutt Gesondheet an erfollegräicht Joer fir iech an eisen F.C.Berdenia.

 

Marc Kubica

President F.C.Berdenia Berbourg

mehr lesen

Do

01

Dez

2011

Berbourg 1 verléiert den leschten Match vum Joer

Virun villen Berbuerger Supporteren verléieren eis Jongen 2-0 (0-0) géint den direkten Konkurrent FC The Belval Belvaux. An engem serréierten Match am decken Niwwel, goufen et déi ganz éischt Halschent wéineg konkret Goalchancen.

mehr lesen

So

27

Nov

2011

Minimes kréien kräftech d'Mooss geholl zu Jonglënster

Entente JUNGLINSTER/BIWER - BERBOURG 7-1 (1-1)

 

Géint eng mat Spiller aus der 1. Equipe verstäerkten Equipe vu Jonglënster/Biwer kommen eis Jongen béis ënner d’Rieder.

 

mehr lesen

Mo

21

Nov

2011

Berbuerg 1 zwéngt den souveränen Leader an d'Knéien

An engem intensiven an spannenden Match suergt den FC Berdenia fir de réicht 2te Punktverloscht fir den Tabellenéischten US Sandweiler an spillt 1-1 (1-0) am Stade Rénert zu Berbuerg. De Match, deen duerch eng Verspéidung vum Arbiter 45 Minutten méi spéit ugefaang huet, wosst déi ganz 90 Minutten duerch den heigen Tempo an eng grouss Intensitéit ze iwwerzeegen.

 

mehr lesen

Sa

19

Nov

2011

Berbuerg 2 ass Hierschtmeeschter!!!

FC Berdenia Berbourg 2 - US BC 01 Berdorf/Consdorf  5-2 (3-0)

 

1-0 Kohnen

2-0 Haupert

3-0 Oswald

4-0 Schuster

5-0 Ekelmann St.

 

FCBB2: Crelo - Huber, Meyers, Petry F., Dahm - Oswald, Thill, Haupert, Schuster - Ekelmann St., Kohnen

Reserve: Wampach, Hentges, Bouchnafa, Hoffmann

 

 

 

mehr lesen

Di

15

Nov

2011

Kommt e Freiden an de Stade Renert d' 2. Equipe ënnerstetzen

Eis 2. Equipe déi bis elo eng ganz gutt Hironn gespillt huet, spillt dëse Freiden, 18.November 2011 um 19:30 Auer hiere leschte Match virun der Wanterpause géint den US BCO1 Berdorf/Consdorf 2 a kann Hierschtmeeschter ginn. Kommt alleguer an de Stade Rénert fir d'Jongen ze ënnerstetzen, a vléicht duerno e bëssen mat hinnen ze feieren.

mehr lesen

Mo

14

Nov

2011

Berbuerg 1 ouni Chance zu Stengefort

Géint den Sporting Steinfort konnten eis Jongen net un déi gutt kämpferesch Leeschtung vum leschten Weekend uknäppen an verléieren an engem ganz schwaachen Match um Enn verdéngt mat 4-0 (1-0).

mehr lesen

So

13

Nov

2011

Minimes machen den Opstieg perfekt

 

Entente CSG/UMW - BERBOURG 1-3 (1-0)

 

An engem gudde Match huelen eis Jongen 3 weider Punkten um schwéier bespillbaren Terrain zu Mäertert a maachen 2 Spilldeeg viru Schluss (!) den Opstieg perfekt; dëst mam Maximum vun de Punkten.

 

mehr lesen

Mo

07

Nov

2011

Berbuerg 1 gewënnt den Derby zu Jonglënster

Eis Jongen gewannen e rassegen an spannenden Derby virun ganz villen Berbuerger Supporteren verdéngt mat 1-2 (0-1). 

mehr lesen

So

06

Nov

2011

Minimes verléieren an der Coupe

Fir eis Minimes Equipe as d’Aventure Coupe eriwwer, dëst no engem interessante Match virun allem an der 2. Halbzäit. Et war iwert déi 60 Minutten e ganz enke Match zwëschen 2 gléichwärtegen Equipen woubéi soll notéiert sin, dat Lëntgen/Luerentzweiler zwou Klassen méi héich spillt am Championnat wéi mir.

mehr lesen

Sa

05

Nov

2011

Berbourg 2 gewënnt dee 5. Match noëneen

Berbourg 2 - Sandweiler 2   3-0 (2-0)

 

1-0 Haupert

2-0 Kohnen

3-0 Huber

 

FCBB2: Crelo - Dahm, Huber, Meyers, Dockendorf - Schuster, Haupert, Thill, Oswald - Ekelmann St., Kohnen

 

Reserve: Wampach, Hoffmann, Bouchnafa, Chennaux

mehr lesen

Di

01

Nov

2011

Berbourg 1 enttäuscht op der ganzer Linn

D'Coupeaventure fir Berbuerg ass schon riwwer. No enger erschreckend schwacher Leeschtung ass Berbourg senger Favoritenroll net gerecht gin, a verléiert  um holpregen Terrain vum Zweetdivisionär Sporting Bartreng. Eis extrem defensiv agestallten Jongen hun mat 1-0 (0-0) verluer, an hunn  hier vill Supporteren déi mat op Bartreng komm sinn, déck enttäuscht.

 

mehr lesen

Mi

26

Okt

2011

Minimes wannen am 7. Match hannereneen

BERBOURG – CANACH 6-0 (2-0)

 

Am secherlech beschten Match vun der Saison konnt eis Equipe e verdingten 6-0 feieren géint Kanech.

mehr lesen

Mo

24

Okt

2011

Berbuerg mat engem 3er um Mantelsonndeg!

FC Berdenia Berbourg - FC Cessange Bracarenses Grund 2001 1:0 (0:0)

 

Den FC Berdenia Berbourg gewënnt am Stade Rénert mat 1-0 (0-0) géint FC Cessange Bracarenses Grund 2001.

mehr lesen

Mo

24

Okt

2011

D’Serie ouni Punktverloscht vun eiser Minimes Equipe geet weider

BERBOURG - ASPELT 14-2 (6-1 ) Am 1. Match vun der Rëckronn hun eis Bouwen néischt ubrenne gelooss géint de Géigner vun Uespelt, déi hu missten mat 10 Mann auskommen.
mehr lesen

Sa

22

Okt

2011

Berbuerg 2 gewënnt geint Millebaach 2 mat 3-1 (1-1)

Berdenia Berbourg 2 - CS Muhlenbach Lusitanos 3-1 (1-1)

 

1-1 Haupert (EM)

2-1 Kohnen

3-1 Schuster

 

FCBB II: Seil (C) - Dockendorf, Crelo, Huber, Dahm - Schuster, Petry, Haupert, Oswald - Ekelmann Sv., Kohnen

 

Reserve: Wampach, Hoffmann, Bouchnafa, Ekelmann St.

mehr lesen

Do

20

Okt

2011

My name is Bärdinho

Mir haten viru enger Zäit eis Lieser opgeruf dem Bär en Numm ze sichen. Mir hu vill Propositiounen erakritt, an de Comité huet e Méindeg an engem geheimen Vote dem Bär e Numm gesicht.

mehr lesen

Mi

19

Okt

2011

Eis Spiller an Aktioun

Deé flottsten Photoën aus verschiddenen Matcher fannt Dir ënnert dësem Link. Eiser Photographin dem Carole Kuffer e groussen Merci fir déi schéin an Intressanten Opnahmen.

 

http://www.berdenia.eu/seniors/photos-vun-de-matcher/

 

mehr lesen

Mo

17

Okt

2011

Berbuerg gewënnt 1 Punkt zu Weiler

Virun ganz villen Berbuerger Supporteren hunn eis Jongen an engen hëtzegen an haart gefouerten Opsteigerderby géint Yellow Boys Weiler-la-Tour 2-2 (2-1) gespillt.

mehr lesen

So

16

Okt

2011

Berbourg 2 gewënnt géint Résidence Walferdange 2

Résidence Walferdange 2 - FC Berdenia Berbourg 2   1-2 (0-0)

 

1-1 Petry

1-2 Haupert

 

FCBB 2: Seil - Dahm, Crelo, Meyers, Scholtes - Ekelmann St., Huber, Petry, Haupert - Ekelmann Sv., Kohnen

 

Reserve: Wampach, Hoscheid, Oswald, Thill

mehr lesen

Mo

10

Okt

2011

Berbuerg ouni Glanz um Wahlsonndeg een Tour weider.

Am 3. Tour vun der Coupe de Luxembourg huet den FC Berdenia am Stade Rénert an engem schwaachen Match den 2.Divisionnaire ASLetzebuerg-Porto mat 2:1 (2:1) eliminéiert.

 

mehr lesen

So

09

Okt

2011

Minimes bléiwen ongeschloën

BERBOURG - Entente CSG/UMW 6-0 (2-0 )

 

Eis Minimes Equipe behält de Maximum vun de Punkten nom Ofschloss vun der Hironn, nodeems d’Equipe vu Mondorf sech zeréckgezunn huet an domat de leschte Match deen de nächste Weekend sollt stattfannen, Forfait gewonne gëtt.

 

mehr lesen

Sa

08

Okt

2011

Berdenia Berbourg 2 gewënnt géint Syra Mensdorf 2

Berdenia Berbourg 2 - Syra Mensdorf 2  5-2 (1-2)

 

1-0 Kohnen

2-2 Kohnen

3-2 Haupert

4-2 Ekelmann St

5-2 Haupert (EM)

 

FCBB2: Seil - Scholtes, Crelo, Meyers, Dahm - Haupert, Thill, Petry, Ekelmann St. - Oswald, Kohnen

Reserve: Ekelmann Sv., Huber, Wampach, Hoscheid

mehr lesen

Mi

05

Okt

2011

Mullenowend

mehr lesen

Mo

03

Okt

2011

Éischt Neierlaag fir den FC Berdenia Berbourg

Bei wonnerbarem Wieder verléieren eis Jongen hiren éischten Match an dëser Saison mat 0-4 (0-1). Eng spillschwach Berbuerger Equipe huet senge ville Supporter keen schéinen Pappendag bereet.

 

mehr lesen

So

02

Okt

2011

Minimes gewannen och hieren 3. Match

KANECH-BERBOURG 2-4 (0-2 )

 

An engem interessanten Match konnten eis Minimes weider 3 Punkten sammelen an hunn domat hiren 3 Match hannereneen gewonnen.

 

mehr lesen

Sa

01

Okt

2011

Berbourg 2 spillt gläch mat Bettembourg 2

Bettembourg II - Berdenia Berbuerg II    3-3 (1-3)

 

1-1 Leisen

1-2 Haupert

1-3 Leisen

 

FCBB II: Semowoniuk - Scholtes, Huber, Meyers, Dahm - Haupert, Thill, Leisen, Oswald - Ekelmann Sv., Kohnen

Reserve: Ekelmann St., Chennaux

mehr lesen

Mo

26

Sep

2011

Berbuerg spillt rëm gläich: 2-2 (1-2) bei Flaxweiler/Beyren

Virun villem Berbuerger Supporteren hunn eis Jongen sech een haart emkämpfte Punkt geséchert. Den Terrain zu Éinen war iwwerraschend déif an schwéier bespillbar, wat sech bei béiden Equipen an der Ufanksphase bemierkbar gemaach huet.

mehr lesen

So

25

Sep

2011

Minimes gewannen och hieren 2. Match héich

ASPELT – BERBOURG 0-11 (0-3)

Eis Minimes Equipe huet och um 2. Spilldag néicht ubrenne geloos a kloer a verdingt mat 11-0 zu Uespelt gewonnen.

mehr lesen

Sa

24

Sep

2011

2. Equipe gewënnt géint Blô-Wäiss Itzig II

FC Berdenia Berbourg II - Blo-Waiss Itzig II 3-0 (3-0)

 

1-0: Kohnen

2-0: Haupert

3-0: Selbstgoal

 

FCBB II: Bossers - Dahm, Meyers, Petry, Scholtes - Schuster, Albrecht, Thill, Oswald - Haupert, Kohnen

Reserve: Leisen, Bouchnafa, Hoscheid

 

mehr lesen

Do

22

Sep

2011

FC Berdenia bleiwt ongeschloen...0-0 geint den FC Munsbach

Dei eischt hallef Stonn huet et awer am Stade Rénert net no engem 0-0 ausgesin. Den FC Munsbach huet mat 100 à l'heure ugefaang an huet eis Jongen frei an aggressiv gesteiert. Sou koum Berbuerg guer net an den Match, waat och duerch vill Feelpäss an engem schwaachen Spillopbau loung.

mehr lesen

Do

22

Sep

2011

Trikotiwwerreechung bäim FC Berdenia Berbourg

mehr lesen

Mo

19

Sep

2011

Den FC Berdenia entféiert 3 Punkten vu Schëffleng

Viru ville matgereesten Berbuerger Supporteren gewannen eis Jongen an engem deels ruppegen Match um Enn mat Chance 2-3 (0-1).

 

Déi éischt geféierlech Aktioun huet och schon direkt den 1-0 fir eis Faarwen bedeit. An der 7. Minutt gëtt den Dennis Gansen eng Flank an den 16er eran. Am Gewulls ëm de Christophe Frank ass de Ball vun engem Schëfflenger an den eegenen Filet versenkt ginn.

mehr lesen

So

18

Sep

2011

Minimes gewannen héich géint Entente Jonglënster/Biwer 10:1

BERBOURG - ENTENTE JONGLENSTER/BIWER 10-1 (6-1)

 

Eis Minimes Equipe huet mat engem kloeren Erfolleg d’Saison 2011-2012 ugefaangen. Et war e Match wou de Géigner iwwert déi 60 Minutten keng Chance hat op déi 3 Punkten.

 

mehr lesen

Fr

16

Sep

2011

Numm gesicht fir eise Bär

Opgetaucht ass eise Bär  déi éischten Kéier kuerz virum Kings Of Penalty 2009, wou en aus enger "Schnapsiddie" als Deko organiséiert gouf.
mehr lesen 21 Kommentare

Do

15

Sep

2011

Berbourger Minimes gewannen Frëndschaftsmatch géint US Berdorf/Consdorf

BERBOURG BERDORF/CONSDORF   3-2  (1-2)

  

4 Deeg virum Ufank vum Championnat konnt eis Minimes Equipe en ausgeglachene Match positiv ofschléissen. Et waren eng Rei Onstëmmegkeeten ze gesinn, mä dat ass normal well vill Jongen nach bis viru kuerzem nach an der Vakanz waren an deemno nach keen Training haten bis gëschter.

 

mehr lesen

Mo

12

Sep

2011

Beim FC Berdenia platzt den Knuet ... a wéi !

Bei vill Reen an op engem ganz déiwen Terrain hunn eis Berbuerger Jongen virun ca. 200 Leit den éischten Dräier géint d'Etoile Sportive Clemency agefuer.

 

 

mehr lesen

Di

06

Sep

2011

FC Berdenia Berbourg erkämpft sech ee Punkt bäim Avenir Beggen

Eis Jongen hun sech beim Traditiounsverain virun ca. 250 Zuschauer an virun den Aen vum FLF-President Paul Philippe an engem oofwiesslungsräichen Match gudd aus der Affaire gezunn. De bessere Start haaten awer d'Wiichtelcher, dei während der eischter halwer Stonn den Match kontrolleiert hun. Chancen goufen et awer op beiden Saiten

mehr lesen

Di

30

Aug

2011

Ee Punkt zum Optakt.

Virun ongeféier 350 Zuschauer hun eis Berbourger Jongen am 1.Championnatsmatch den 1.Punkt geholl, an dëst am Derby geint d'Union Mertert/Wasserbillig.

 

Dei éischt 25 Minutten waren et awer d'Visiteuren, déi besser an den Match komm sinn an virun allem vun der Nervositéit vum FC Berdenia profiteiert hunn. Sou haaten se an der 10., 20., an an der 24. Minutt 3 gudd Geleeënheeten fir ze markéieren. Dei Berbourger sin awer ëmmer besser an den Match komm an konnten sech lues a lues mei Chancen erspillen. Eis bescht Chancen an der 1.Halschent haaten mer an der 29.Minutt duerch een Waitschoss vum Serge Guth ,an duerch eng gudd rausgespillten 1 geint 1 Situatioun, wou den Dennis Gansen nët laanscht den Keeper vun der UMW koum.(39.Minutt). Sou as den Match ausgeglach mat 0-0 an d'Paus gaang.

No der Paus waren et d'Haushären, dei den Match kloer diktéiert hunn an ëmmer méi dominant gi sinn. Ab der 59. Minutt, wou den agewiesselten David Schuster an den Christophe Frank 2 mol verpasst hun den Goal ze markeieren, war et e Spill op ee Goal. Dei Berbourger hunn sech eng Chance no där aanerer erspillt, konnten den Ball allerdengs nët am Goal ënnerbrengen (61.Min Serge Guth, 70.Min Dennis Gansen, 79.Min. Steve Lacroix, 83.Min. Dennis Gansen an 86.Min. David Schuster).

Dei eenzeg Chance an der 2.Halschent vun der UMW war kuerz virun Schluss, sie ass awer weinst Abseits oofgepaff ginn.

Sou ass et schlussendlech beim 0-0 bliwen. Ee Punktgewenn, dee sëcher nët schlecht ass, wou awer am Endeffekt méi ze huelen gewiecht wier.

 

Nächsten Sonnden geet et dann bei den Avenir Beggen, wou den Match um 17:30 Auer geint d'Wiichtelcher gespillt get.

Fc Berdenia Berbourg: BOSSERS - PETRY, DIAS, DOCKENDORF, KAUFMANN - GANSEN, OSMANOVIC, LACROIX, GUTH - SEQUEIROS – FRANK

Bänk: SEMOWONIUK, THIES, SCHOLTES, SCHUSTER, JUNCKER

Gefeelt: SCHMIT, WEIDERT (GESPAART), ALBRECHT (VERLETZT),

mehr lesen

Fr

26

Aug

2011

De Sonnden geet ët erëm lass

Dësen Sonndeg, den 28.08, geet déi nei Saison 2011/2012 endlech rëm lass, an dëst direkt mat engem richtegen Derby.

 

Den FC Berdenia Berbuerg empfängt um 16:00 Auer d'Union Mertert/Wasserbëlleg fir den éischten Championnatsmatch: besser kann dei nei Saison nët ufänken.

Do kënnen eis Jongen dann beweisen, dass se zurecht an dei 1. Divisioun opgestiegen sinn an sie wärten och alles drun setzen, dei 3 Punkten zu Berbuerg ze behaalen.

Kommt laanscht, an feiert deen neien orangen FC Berdenia un. Mir wieren frou Iech am Stade Rénert ze begreissen.

mehr lesen

Mo

22

Aug

2011

Frëndschaftsmatch vun der 2.Equipe ass ofgesôt.

De Frëndschaftsmatch vun der 2.Equipe géint Hostert 3 muss leider ofgesôt gin, well déi Huerschterer Spiller verhënnert sin.

 

D'Frëndschaftsspill  Berbourg 2 - Remerschen 2 zu Berbourg,

Mëttwochs, 31. August 2011 um 19:30 Auer ass diemnô den nächsten Rendez-vous fir d'2.Equipe an der neier Saison ze gesin.

 

mehr lesen

Mo

22

Aug

2011

Nei Trikoën fir d'1. an 2. Equipe

Virum Frëndschaftsmatch géint den FC Minerva Lintgen goufen déi nei Trikoën fir d'1. an 2. Equipe firgestallt.

 

E besonnechen Merci un eise Sponsoren dem "Domaine Aly Duhr et Fils vun Ahn", "rubi-show yourself" an dem "Café Beim Beichtstull", déi de Kaaf vun dësen Trikoën méijlech gemach hun.

 

Méi Infoën iwer de Kader vun eiser éischter Equipe, mat Präsentatioun vun den eenzele Spiller, fannt Dir ënnert dësem Link:

 

http://www.berdenia.eu/seniors-1/

mehr lesen

Di

16

Aug

2011

Coupe Raymond Klein am Stade Renert

Vun en Donneschdeg, 11. August bis e Sondeg, 14.August gouw zu Berbourg d'Coupe Raymond Klein ausgespillt. Mir soën allen Equipen déi derbäi waren, Merci fir hiren sportlechen a fairen Asatz, an déi frëndschaftlech Athmosphäre ënner där dësen Tournoi gespillt gouw.

Dem Joëlle an dem Lucien Klein, Kanner vun eisem verstuerwenen Veräinsmember Raymond Klein, soën mir Merci fir de Sponsoring vun de Coupen.

mehr lesen

Di

09

Aug

2011

Summertournoi "Coupe Raymond Klein" am Stade Renert

Vun en Donneschdeg un ass zu Berbourg am Stade Renert eisen traditionnellen Summertournoi, dien dëst Jâr ënnert dem Titel "Coupe Raymond Klein" gespillt gët. Während deenen 3 Deeg ass d'Buvette op, a fir Iessen an Drënken ass gesuergt.

 

De Spillplang geséit folljendermossen aus:

 

Donneschdeg, 11.08.2011 19:30

Union Sportive Mertert/Wasserbillig-FC Jeunesse Biwer  4:1

 

Freideg, 12.08.2011 19:30

FC Berdenia Berbourg-BC01 Berdorf/Consdorf  2:1

Frank, Gansen

 

 

Sonndeg, 14.08.2011

16:00 Spill ëm 3. an 4. Plaatz 

 

FC Jeunesse Biwer-BC01 Berdorf/Consdorf

 

18:00 Spill ëm 1. an 2. Plaatz

 

FC Berdenia Berbourg-Union Sportive Mertert/Wasserbillig-

 

mehr lesen

Fr

05

Aug

2011

Aennerung vun der Auerzäit vum Match géint Rosport

De Frëndschaftsmatch géint Victoria Rosport ass e Samsdeg, 6. August 2011 um 17:00 Auer (an nët um 18:00 Auer) um Terrain zu Ralingen.

mehr lesen

Di

26

Jul

2011

Programm a Resultater vun de Frëndschaftsmatcher vun der 1. an 2. Equipe am Juli an August

Nom Optakt vun der Saison 2011/2012 wou eis 1.Equipe konnt en Tournoi bäi Herrmeskeil an Däitschland gewannen, stinn elo weider intressant Frëndschaftsmatcher um Programm. All Frënn a Supporteren sinn agelueden dës Matcher kucken ze kommen a sech e Bild ze maachen vun de neie Spiller a wéi wéit eisen Trainer René Roller d'Equipe schons op déi nei Saison preparéiert huet.

mehr lesen

Di

26

Jul

2011

1. Equipe gewënnt Frëndschaftstournoi an Däitschland

Beim éischten Optrëtt vun der Saison 2011-2012 huet d'1.Equipe bei engem Tournoi, organiséiert vun der SG Züsch/Neuhütten/Damflos (bei Hermeskeil) déi 1. Plaatz beluecht. Invitéiert waren niewent der SG Züsch och d'SG Thalfang an den FC Berdenia Berbourg
mehr lesen

Mi

13

Jul

2011

Und ewig lockt das Kaffeeservice

Sou oder ähnlech kann e Cadeau am Damenfussball ausgesinn

An eiser Serie mat interessanten Artikelen aus der Welt vum Fussball, kann een liesen wat fir e schéinen Cadeau d'Dammen aus der déitscher Nationaléquipe och dës Kéier nees fir hir Leeschtung kréien. Wa schons kee WM-Cup da wéinstens e Kaffi-Cup?

 

http://www.spiegel.de/panorama/0,1518,772715,00.html

mehr lesen

Mo

11

Jul

2011

Jugendcamp an Ofschlossfeier

Wéi zanter 3 Jâr schons huet d'Jugendkommissioun e Summercamp fir seng Jugendspiller organiséiert. 18 Kanner a 5 Erwuessener hun 3 flott Deeg zu Saarburg an der Jugendherberg erliewt. Quiz a Spiller, Barfusswandern, Summerrodelbahn an eng Nuechtwanderung stoungen um Programm. Zum Ofschloss hat de Veräin all Elteren a Jugendspiller op en Ofschlossfest vun der Saison an de Stade Renert agelueden.

mehr lesen

Fr

08

Jul

2011

Zum Optakt an der 1. Divisioun: Lokalderby zu Berbourg géint Union Mertert Wasserbillig

Gléich am 1. Match vun der Hironn den 28. August spillt eis 1. Equipe doheem géint den Nôper vun der Union Mertert Wasserbillig! De ganze Spillplang vun der Saison 2011/2012, esou wéi mir en elo vun der FLF matgedeelt krutten, fannt Dir op dëser Séit.

mehr lesen

Fr

08

Jul

2011

Eis Jugendspiller béim "Concours du Jeune Footballeur"

Gudd Resultater konnten eis Jugendspiller opweisen am "Concours du Jeune Footballeur" dien en Dënschden, 5 Juni vun der FLF zu Berbourg am Stade Renert organiséiert gouw.

 

Catégorie Poussins :

 

ARTOIS GLENN                84 Punkten domatt 21ten vu 75

DOS SANTOS STEVEN    59 Punkten domatt 62ten vu 75

 

Catégorie Minimes :

 

OSWALD NICOLAS           69 Punkten, domatt 33ten vu 60

NICKELS Cyrille                 64 Punkten, domatt 39ten vu 60

  

Eis Félicitatiounen! 

mehr lesen

Mo

04

Jul

2011

Bobby Charlton, tragischer ManU-Held

aus "11 Freunde"

An eiser Summer-Serie wëlle mer op en Artikel aus " 11 Freunde" hiweisen. Ët geet ëm de Bobby Charlton,dien e Fliegeraccident mat der Equipe vu ManU iwwerlieft huet, vill vu sengen Kollegen aus der Equipe waren doud, an dien insgesamt 754-mol fir ManU gespillt huet. "11 Freunde ass eng déitsch Fussballzeitung, déi 1-mol am Mount erauskënnt, an där hir Lecture sech ëmmer erëm lount.

 

http://www.11freunde.de/geschichtsstunde/108627?page=1

 

 

mehr lesen

Do

30

Jun

2011

Die traurigen DFB-Pokal Helden

(Photo aus Spiegel-Online Thomas Rokos)

D'Saison ass eriwwer, a mam Jugendtournoi de leschte Samsdeg hat eise Veräin och seng lescht Manifestatioun fir dës Saison. Fir awer och weiderhin eise Site interessant ze haalen, propéisere mer Iech während dem Summer eng Serie vun Artikelen a Videoën déi mam Thema Fussball ze din hun. Merci, dat Dir eis och am Summer trei bléiwt.

 

Mat engem éischten Artikel aus dem Spiegel-Online wëlle mir dës Serie ufänken. Et geet ëm en Amateurveräin, dien sech fir den DFB-Pokal qualifizéiert huet, awer elo keng Equipe méi huet, ët geet ëm Geld a Spillerprimen, also ëm Themaën déi a ville Veräiner aktuell sin.

 

http://www.spiegel.de/sport/fussball/0,1518,770341,00.html

mehr lesen

Mi

29

Jun

2011

Jugendtournoi zu Berbourg war e groussen Erfolleg

De Jugendtournoi, dien e Samsden, 25 Juni zu Berbourg stattfonnt huet war e groussen Erfolleg. Vill Zuschauer konnte gesin wéi déi jonk Spiller mat vill Asaatz gekämpft hun, fir d'Matcher ze gewannen.

mehr lesen

Mo

27

Jun

2011

Berbourg spillt an der 1. Divisioun am Südbezirk

Leschte Freideg koum et um Siège vun der FLF zu Monnerech zur Andeelung vun den Bezierker vun der éischter Divisioun fir t'Saison 2011/2012. 

mehr lesen

Di

21

Jun

2011

Germain Weicker, neien Trainer vun der 2. Equipe

De Germain Weicker, Comitésmember a fréiere Spiller bäim FC Berdenia Berbourg wäert ab der Saison 2011/2012 d' 2.Equipe betreien. Mir wënschen him vill Gléck a soën dem Pol Crelo, dien bis elo dës Charge hat, villmols Merci fir säin Asatz.

 

D' 1.Equipe waert och am 3 Jâr weiderhin vum René Roller betreit gin.

 

Trainer vun de Minimes sin den Guy Artois an den Alain Kring, d'Pupilles an d'Bambinis gi vum Serge Guth, Kapitän vun der 1. Equipe,vum Tom Schmit a Charel Weydert, béid Stammspiller an der 1.Equipe betreit. 

mehr lesen

Mo

20

Jun

2011

Jugendtournoi zu Berbourg e Samsdeg, de 25. Juni 2011

D'Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg organiséiert e Jugendtournoi e Samsdeg, 25 Juni 2011 vun 13.00 Auer un  um syntheeteschen Terrain vum Stade Renert.

mehr lesen

Do

16

Jun

2011

Penaltystournoi 2011: e groussen Erfolleg!

De Penaltystournoi 2011, dien e Samsdeg den 11.Juni stattfonnt huet war e groussen Erfolleg. Méi wéi 60 Equipen mat iwwer 300 Spiller sin hierer Lieblingsbeschäftegung nôgangen dem Football. Sie haten vill Spass béi dësem Tournoi, dien vun der Equipe "Berni's Buben" gewonnen gin ass. Niewt de Photoën ënnert dësem Artikel fannt Dir all Biller vun dësem Event op eisem Site ënnert Veranstaltungen/Kings of Penalty.

http://www.berdenia.eu/veranstaltungen/kings-of-penalty/

 

mehr lesen

Mi

15

Jun

2011

Transferten: Esou geet ët an an déi nei Saison

Photo aus "Le Quotidien"

Den FC Berdenia Berbuerg huet seng Planungen fir d'Saison 2011-2012 ofgeschloss. Eis Equipe gëtt weiderhin vum Trainer René Roller betreit. Hien probéiert domat an senger 3. Saison déi positiv Resultater aus deenen leschten Joren ze bestätegen.

mehr lesen

Di

14

Jun

2011

Berdenia gewënnt 90-Jaouer-Daring Tournoi zu Iechternach

Den FC Berdenia Berbourg konnt en Tournoi zu Iechternach gewannen, deen am Kader vun de Feierlechkeeten fir 90 Jâr Daring organiséiert gouf. Nodeems mir schon e Mëttwoch mat 2:1 géint den Daring konnte gewannen, hu mir gëschter Owend an der Final mat 3:1 den FC Jeunesse Biwer geschloën. Elo ass d'Saison definitiv eriwwer an d'Jongen ginn an déi verdéngten Summervakanz.

mehr lesen

Fr

10

Jun

2011

Berbourg klappt den CSG Grevenmacher mat 15:0 (10:0) ! ... bäi de Poussins

D'Equipe huet dës Saison mat engem gudden Match, géint awer e relativ schwaachen Géigner ofgeschloss. D'Goaler an dësem Match hunn geschoss:

 

Steven DOS SANTOS: 8

Yannick SCHROEDER: 2

Charel KREMER: 2

Glenn ARTOIS: 2

Leandro Lopes: 1

mehr lesen

Mi

08

Jun

2011

Minimes gewannen hiert lescht Spill géint Syra Mensdorf 5-4 (4-2)

Am leschte Match vun der Saison 2010-2011 konnt eis Minimes Equipe e verdéngten Erfolleg géint Menster feieren, dëst bei dompeg-waarmen Wiederconditiounen.

mehr lesen

Mo

06

Jun

2011

11-Meterfest a Penaltytournoi

 

Den  11. Juni 2011 fënnt fir 3. Kéier de Penaltytournoi statt, dien vum FC Berdenia Berbourg organiséiert gët. Eppes besoneches hun sëch d'Organisateuren dëst Jar fir de Virowend vum Penaltytournoi ausgeduecht: Freidesowes, den 10. Juni fënnt en 11-Meterfest mat engem flotte Concert vun der Bech-Berbourger Musek statt. Wien sech intresséiert fir als Equipe (5 Mann) um Tournoi matzemachen, kann sëch um www.penalty.lu umellen.

 

mehr lesen
Newsletter

Info: Der Newsletter kann jederzeit abbestellt werden.
Share |